Ganzheetlech Gesondheets- an Ernärungsberodung

Glécklech ass deen, deen gesond ass!

 

Schéin dass du hei bass! Wann's Du bereet bass deng Ernärung z'änneren, begleeden ech dech ganz gär op denger Rees.

 

Mäin Numm ass Julie Wagner an ech hunn holistesch Gesondheets- an Ernärungsberodung studéiert. Ursprénglech well ech endlech selwer gesond wollt ginn.

 

Jorelaang hunn mech Verdauungsproblemer, Mowéi, Kappwéi a vill Schwindel geplot. De villen Mësserfolleg bäi den Dokteren huet mech ëmmer méi verzweiwelen gelooss - bis ech mäi Liewen selwer an d'Hand geholl hunn!

Wärend menger Ausbildung konnt ech dat wat ech geléiert hunn direkt un mengem eegene Kierper ëmsetzen an konnt meng Krankheeten duerch eng Ernärungsëmstellung heelen.
Mäin Bauchgefill huet sech verbessert, meng Liewensqualitéit an Energie sinn eropgaangen an ech gouf soumat méi glécklech.

 

Ech weess datt vill Leit och sou fillen an dofir ginn ech mäi Räichtum un Erfarungen gär weider, fir och däin Bauchgefill ze verbesseren.

Julie Wagner

Ganzheetlech Ernärungs- an Gesondheetsberoderin

 



IWWERSIICHT VUN DE LEESCHTUNGEN

Éischt Gespréich

 

Grondlag fir déi individuell Berodung. 60,00 Euro

Ganzheetlech Berodung

 

Däin individuellen Ernärungsplang.

250,00 Euro

Zousätzlech Berodung

 

Ënnerstëtzung bäi weideren Froen.

65,00 Euro (60 Minutten)


Alternativ Ernärung

 

Berodung bäi spezieller Ernärung.

65,00 Euro (60 Minutten)

Zesummen akafen

 

 Tipps bäi der Auswiel vun Produiten.

60,00 Euro (60 Minutten)

Frigo-Check

 

Check vun de Liewensmëttel am Frigo.

50,00 Euro (60 Minutten)



 

D’Consultatiounen fannen bei mir doheem am Norden vun Lëtzebuerg statt (déi genau Adresse kriss du matgedeelt).  

Mir kënnen och gär online Rendez-vousen arrangéieren.


MAACH ELO DÄIN RENDEZ-VOUS FIR D'ÉISCHT GESPRÉICH AUS!